Jonk PIRATEN
+

Segel ënner dengem eegene Fändel.

Komm u Bord a gëff JONKE PIRAT(IN)!.

uerdentlech Generalversammlung 2013

Event – 30. 12. 2013

Dëse Samschden hunn d’Jonk Piraten fir hier uerdentlech Versammlung an den Indies invitéiert. Op dëser jäerlecher Generalversammlung ginn d’Posten nominéiert, de Bilan vum Joer gezunn an alleguer déi Schätz déi mir fannen wëllen op eiser Piratekaart markéiert.

 

Unanim goufen de Claude Feltgen als Trésorier, de Max Fleischhauer als Vize-President an d’France Oly als Presidente ugeholl. (De Sven Clement ass Keessereviseur). Op déi puer Stammdëscher an de Flashmob vun dësem Joer sollen 2014 weider Stammdëscher an Aktivitéiten folgen fir méi Visibilitéit an der Ëffentlechkeet ze garantéieren an nei Memberen unzeschwätzen. Mir hunn eis och virgeholl méi ze posten.(Dem Christophe säin Enthusiasmus mëscht sech op eiser Facebook Säit gutt bemierkbar – Merci!:-) ) Déi nächst Aktioun, déi mir op eiser Versammlung geplangt hunn, ass eng Blëtzëmfro Enn Januar bei der mir och Flyeren zum Thema Iwwerwaachung/Dateschutz an eis nei Visitekaarten ausdeelen wäerten (#fleissigesBienchen #ichbineineBiene ).

de Max :)

 

Cheers & yours sincerly,

 

France

Kommentieren

Don’t you spy on us! Flashmob géint d’Masseniwwerwaachung

Event, Pressematdeelung – 11. 11. 2013

by Carole Reckinger

D’Jonk Piraten setzen sech zënter hirer Grënnung géint d’Masseniwwerwaachung a  fir d’Privatsphäre an. D’Revelatiounen ëm d’Geheimdéngschter an den leschte Méint weisen wéi desastréis et ëm eis Grondrechter steet.
Aus den Enthüllungen vum Whistleblower Edward Snowden ass lo bekannt ginn, datt den Lëtzebuerger Geheimdéngscht SREL mam US Geheimdéngscht NSA kooperéiert, eng Zesummenaarbecht déi bis dato ofgestridden gouf. D’Bevëlkerung gëtt also net nëmmen hemmungslos belunn, si gëtt och ongefrot an onjustifiéiert ausspionéiert.  Duerch d’Sammelen an d’Weiderginn vun immens perséinlechen Daten, schafft den SREL passiv an aktiv dorunner mat Lëtzebuerg ze iwwerwaachen an d’Privatsphär vun de Bierger ze ignoréieren.

D’Jonk Piraten zielen den Schutz vun der Privatsphär zu den wichtegsten Prinzipien vun enger Demokratie.Ulässlech der Aktualitéit vun der Polemik ëm Iwwerwaachung a Lëtzebuerg, hunn sech de Samschden op engem séier improviséierten Flashmob eng Dose Leit um Trëttoir virun de amerikanescher Ambassade erëmfonnt an hunn deelweis mat Schëlder hir Meenung zu den geheimdéngschtlëschen Machenschaften déi Privatsphäre a Biergerrechter mat Féiss trëppelen gewisen. Domat hat et sech allerdéngs séier erleedegt. No enger véierel Stonn waren zwou Patrullen present déi d’Aktioun als illegal deklaréiert hunn a d’Personalien vun den Participants protokolléiert hunn. Um Réckzuch koum du och nach eng weider Patrull déi déi jonk Aktivisten nees gestoppt hunn fir hir Personalien eng zweete Kéier opzehuelen.

“Eisen alleréischten Flashmob ass net ganz sou verlaf wei ech mir dat virgestallt hunn.”, sou d’France Oly, Presidentin vun de Jonke Piraten. Duerch kontradiktoresch Aussoen vun Polizisten ass eng ganz aner Diskussioun opgeworf ginn wéi déi déi mir eigentlech féieren wollten. Wann et e Gesetzeskonflikt duerstellt am ëffentleche Raum seng Meenung auszedrécken, ouni iwwerhaapt een Drëtte ze stéieren, dann ass dat eProblem den et ze léise gëllt.

(méi Biller fann dir op eiser Facebook-Page)

 

Footnotes

http://www.elmundo.es/espana/2013/10/30/5270985d63fd3d7d778b4576.html

 

Kommentieren

Dont you spy on us!

Event – 04. 11. 2013

As every day new information about the NSA monitoring us all get leaked, Jonk Piraten aim to raise awareness by consistently demonstrating against such a surveillance mania and speaking up for more protection of data privacy.

With Angela Merkel and our own secret service now being discussed fervently in the news, we set up a little flashmob to react to this growing threat and urge people to protest. Our end is to arrive at a state of everyone fully realizing the extent of these scandals by repeatedly informing and calling attention to this topic.

Jonk Piraten cordially invite you to join them and attend this flashmob together.  With great joy we’re looking forward to seeing some of you! If there are any questions or comments, always feel free to contact us!

All the orga-things can be found in our pad (if anyone feels LE impetus to help)

officially writing for JonkPiraten with loads of support from all of them (thanks)
love&cu,
France ( france@jonkpiraten.lu )
Kommentieren

Kompetenz Matbestëmmung net erreecht

Pressematdeelung – 07. 03. 2013
An der Affaire vum Schülerstreik am LTMA hunn d’Madame Ministesch an d’Direktioun alt nees bewisen dat si d’Kompetenz, Schüler demokratesch un der Gestaltung vun der Schoul ze bedeelegen absolut net erreecht hunn. Villäicht géing et den Damen an Häre gutt doen eng classe de raccordement ze besichen fir déi Kompetenz opzeschaffen?
Ëmmer méi fillen sech d’Schüler net eescht geholl a vu Regelen déi si net novollzéie kënnen ënnerdréckt. Alt rëm kréie si d’Impressioun, dat Decisioune geholl ginn ouni, datt op hier Meenung agaang oder mol dono gefrot gëtt. Oft genuch setzen sech d’Direktioun, d’Léierpersonal an de Ministère iwwert d’Käpp vun de Schüler ewech an dofir ginn et jo genuch Beispiller.
Datt de Boykott am LTMA e verzweiwelte Ruff no méi Matbestëmmungsrecht ass, dovunner léisst sech awer weder d’Ministesch nach d’Direktioun beandrocken. Och net wann praktesch all Schüler an dem gréisste Lycée vum Land de Status Quo boykottéiert, well se et genuch hunn vun absurd begrënnten a willkürleche Regelen.
Nom Prinzip ‘All Meenung zielt’ fuerderen d’Jonk Piraten all bedeelegt Parteien dozou op endlech de Schüler déi Matbestëmmung zoukommen ze loossen, déi hinnen zousteet!
Kommentieren

Aluedung/ themateschen Stammdësch: SCHOUL

Event – 08. 01. 2013

Zäit fir kloer Schëff ze man!

Wat gefält eis un der Reform an wat muss iwwer Bord geheit ginn? Wisou ginn eis Proffen eigentlech net evaluéiert an méi kontrolléiert? An ass d’Schoul iwwerhaapt demokratesch/ kreativ / individuell genuch? Muss politesch Bildung net schonn vill éischter agefouert ginn?
Dat sinn nëmmen puer Punkten déi mir op eisem themateschen Stammdësch diskutéiren wäerten, den sech insgesamt mat der Thematik “Schoul” befaasst.
D’Jonk Piraten freeën sech iwwer jiddereen den kennt an iwwert all Meenung an Gedankenaustausch, déi zu der Diskussioun bäidroen. Eis Ziel ass et net nëmmen en amüsanten Nomëtteg ze verbréngen mais och kloer Fuerderungen ze formuléieren an ze checken wéi mir des realiséieren kennen.

Interesséiert? Lee anker un:
FB-EVENT:
WÉINI:
19 Januar 16:30
WOU:
Banana’s
Kommentieren

PM.éischt Generalversammlung

Event, Pressematdeelung – 23. 12. 2012
D’Jonk Piraten haten haut hier éischt Generalversammlung am Indies an der Stad déi sech iwwert de ganze Mëtteg verdeelt huet, well d’Jonk Piraten an hiren neien Enthusiasmus net midd goufe weider ze diskutéieren.Mir kenne festhalen datt et trotz enger lockerer an unterhaltsamer Atmosphär zu ville konstruktiven Entschléiss komm ass. Natierlech goufen d’Posten nei gewielt: D‘Fränz Oly bleift fir ee weidert Joer Presidentin bei de Jonke Piraten, an och de Claude Feltgen  bleift senger Aufgab als Trésorier nach en Joer trei. Den neien Vizepresident ass de Kevin Wennmacher. Och gouf d‘Altersgrenz op 26 Joer festgeluecht. Jidder Member kritt eng schéi Memberskaart, op déi verschidde „al“ Piraten neideg sinn. Nieft dësen éischter formellen Entscheedungen hu mir awer och vill iwwert de Kurs diskutéiert den d’Schëff vun de Jonke Piraten aschloe wäert.

D’Jonk Pirate kënnege fir 2013 un, datt si mat enger frecher a konstruktiver Politik op sech opmierksam maache wäerten.

Kommentieren

Selwer um Steierruder! Matmaachen!

Uncategorized – 11. 12. 2012

D’Piraten sinn zimlech bekannt fir dat hei: jidderee kann a soll gären matmaachen.

Also raus aus der Hängematt an un d’frësch Loft!

>et gëtt vill ze man: Deck schruppen, Segel hissen, Land siichten, an, an, an e GOLDSCHATZ fannen :D

okay. bis et souwäit ass, kann en sech hei um Pad austoben:
>>>CLICK HERE TO OPEN THE PAD <<<

Kommentieren

éischt generalversammlung

Event – 10. 12. 2012

AHOY :-)

Et as  endlech sou wäit: déi éischt offiziell Generalversammlung vun den Jonken Piraten!
WOU:      am ‘Indies’ an der Staad
WÉINI:  22.12.2012 14:00
WEEN:    jiddereeeen ass häerzlech invitéiert.

P.S.  CLICK fir den Facebook-Event ze gesinn

P.P.S. France bréngt Kuch mat.(An subjektiv wonnerschéin Memberskaarten)

 

///

Ordre du jour

14:00: Start& Begréissung (Präsidentin seet 3Wierder)

*Decisiounen:
- cotisatioun festsetzen
- maximal alter festsetzen

*Nomminéierungen:
- Präsident(in) wielen
- Vize wielen
- Trésorier wielen
- Réviseur de caisse wielen
*Aufgaben verdeelen:
- Website
- Aner Aufgaben
*Verschiddenes:
-Lëscht mat den Memberen(emailaddressen) maachen &  memberkaarten verdeelen
-Diskutéiren #odersou

Kommentieren